zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Invité:e vum Dag
News
Luxembourgish
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Website
Episodes
50
01 July 2026
Michelle Friederici, Presidentin vum OAI
Wéi kënne mir eis Stied, Schoulen, Bürosgebaier a Wunnenge besser op Hëtztwelle preparéieren? Dat froe mir d'Presidentin vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. D'Architekte mussen déi haiteg klimatologesch Realitéit scho bei der Konzeptioun vun neie Constructioune bedenken.
30 June 2026
Paul Galles, Stater CSV-Schäffen
Wéi eng Léieren zitt de Stater CSV-Schoulschäffen aus der Organisatioun an de Schoulen a Foyere wärend der Hëtztwell? War et richteg, fir kee generelle schoulfräi ze ginn?
29 June 2026
Martine Hansen, Ministerin fir ë. a. Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
Wéi soll d'Lëtzebuerger Landwirtschaft zukünfteg ausgesinn? Dat froe mir déi zoustänneg Ministesch. E Gespréich iwwer Hëtztwell, EU-Düngemëttel-Plang a Mëllechbaueren
26 June 2026
Marc Widong, Direkter vum Fonds Kirchberg
Zanter genee 65 Joer këmmert de Fonds Kirchberg sech ëm d'Entwécklung vun deem groussen Deel vun der Stad, deen ursprünglech just e Feld war. Wat sinn d'Ziler fir de Quartier haut?
25 June 2026
Andrew Ferrone, Direkter fir europäesch an intl. Affären am Ëmweltministère
Mir schwätze mam Klimatolog iwwer déi aktuell Wiederlag, ëmmer méi heefeg Hëtztwellen a wat Lëtzebuerg nach muss maachen, fir seng Klimaziler ze erreechen.
24 June 2026
Beryl Koltz, Responsabel fir den Nation Branding
Mam Slogan "Let's make it happen" gëtt Lëtzebuerg zanter 10 Joer heiheem an an der Welt vermaart. Mir froen d'Beryl Koltz, wat d'Campagne bréngt an nach brénge soll.
22 June 2026
Asylpak: wat hätt Lëtzebuerg missten anescht maachen, Noémie Sadler?
An der Suite vum Weltflüchtlingsdag vum 20. Juni schwätze mir mat der Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun CCDH iwwer déi nei Asylreegelen.
19 June 2026
Dr. Marc Berna, Direkter vum HRS
D'Hôpitaux Robert Schuman plangen eng Struktur fir ambulant Chirurgie op der Cloche d’Or. De Projet kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d’Regierung grad nei Reegele fir ambulant Strukture virbereet. Ass dat d’Zukunft vun de Spideeler? A wéi grouss gëtt d’Konkurrenz tëschent Klinicken a privaten Initiativen? Dat froe mir de Marc Berna, President vun der FHL a Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert...
18 June 2026
Estelle Beck, Presidentin vun der ALBAD
D'Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes begréisst dat neit Bibliothéiksgesetz, dat d'Chamber gëschter gestëmmt huet - mat just e puer klengen Aschränkungen.
17 June 2026
Alexa Ballmann, Vizepresidentin vun der Handwierkerfederatioun
D'FDA fuerdert, datt d'Reform vum Statut vum Independant - déi am Koalitiounsaccord ugekënnegt gouf - elo endlech ugepaakt gëtt.